············· or ·············

23.05.2012

CONCERT OF PAUL WELLER CANCELLED

The concert of Paul Weller, scheduled on 17 June 2012, will...


22.05.2012

AS MALICK AND BLUE TRIBE TO SUPPORT KEZIAH JONES

As Malick is a Senegalese singer charismatic and...


21.05.2012

NEW GIG CONFIRMED: THE TALLEST MAN ON EARTH

Tickets on sale now!



vendredi, 20 mai 2011

RELEASE "STËBSLONG" VUN DE LÄB

Club

Debout
Prix: 10,-€ + CD "Stëbslong" gratuit
Horaires: 

Show: 20.30 hrs
Ouverture des portes prévue à: 20.00 hrs

Organized by: Rockhal

Review


Also sou en Wanterschlof deet nach well ganz gutt...

mä elo gëtt et héich Zäit dat De Läb ärch mol erëm mat hellt op eng Rees duerch Land vun de Banken, mam roude Buedem, duerch d'Wäibierger bis an déi héich Vogesen, laanscht op en klenge Besuch bei der grénger Geess a beim Goldorak, et geet no Lénks, et geet no Riets, et geet Erop an Erof, heiansdo léisst de dech goen, heiansdo hues de den Heeschnapp, fir dann awer dono erëm op dengem Stammdësch ze landen... Alles dat ass déi faméis Rees duerch "d'Stëbslong" den neien an 1. kompakten Album vun de Läboranten, déi 5 Minettsdäpp déi aus hirem Läbkeller wou den Himmel nach ëmmer blo ass an d'Sonn nach ëmmer schéngt, sech mol erëm mat neie Stécker blécke loossen... Eng melancholesch, ironesch, aggressiv wéi och lëschteg Aventure mat Klangcollagen aus de gudde 60er a 70er, queesch duerch de Gaart vu Funk bis Soul, vu Krautrock bis italienesch Filmmusek, bis bei de gudden ale Jazz...

An vue que dat et fir alles eng éischt Kéier gëtt wäert De Läb och säin alleréischte Video Clip releasen, "De Läbdance".   Mat um Programm wär Beri Barin (Instrumentalen Hip Hop), den Giamba, eisen Mondgeräischmescher (Beatbox) an natierlech eis al bekannt verstëbsten Longen, Z-Town Massiv (Lux HipHop).  

Wann dëst dech uschwätzt da komm den 20. Mai um 20h an d'Rockhal, den Dresscode ass gutt Laun!    

...nach eppes ganz Wichteges, am Präis vun der Entrée ass eng "Stëbslong" gratis dobäi !!!