SERGE TONNAR LIVE

Freitag, 21. Mai 2021

Main Hall: Sëtzplatzen

Rockhal Main Hall

5, avenue du Rock'n'Roll, Esch, Alzette Luxembourg L-4361

Preis: Erwuessener: 20,00€ + 2,00€ Taxe
Kanner (<14): 10,00€ + 1,00€ Taxe

Dieren: 18:30 Show: 20:00 (tbc)

Organiséiert vun der Rockhal

BECAUSE MUSIC MATTERS: SERGE TONNAR LIVE

Aktuell kann et beim Kaaf vun Ticketen um Enn vun der Transaktioun zu engem Feeler kommen. Mir schaffen drun desen schnellsméiglech ze behiewen. Sollt dir um Enn vum Kaafprozess en Message “Session Expired” kréien, heescht dat dass de Paiement annuléiert gouf an är Kreditkaart net belaascht gouf. Mir bieben Iech et nach eng Kéier an engem aneren Browser ze probéieren. Bei weideren Problemer sin mir ennert tickets@rockhal.lu ereechbar an hellefen Iech gären weider.

_

No der éischter Concerts Serie am Februar, si mir frou d'Suite vun der Initiative "Because Music Matters" a soumat den nächste Schratt a Richtung Live Musek mat engem exzeptionelle Concert vum Serge Tonnar den 21. Mee op der grousser Bün vun der Rockhal virun 1000 Leit, anzeleeden.

Nieft de sanitäre Mesuren déi sur Place ëmgesat ginn (méi Informatioune fannt Dir hei), engagéieren sech d'Spectateuren een Covid-Test virum, sou wéi och engem gratis PCR-Test 7 Deeg nom Concert ze maachen. Mir soen Iech elo scho Merci un dëser Test Aktioun deelzehuelen an eis domadder ze ënnerstëtzen. Dëst Konzept gëtt duerchgefouert, fir a beschtméiglecher Kontroll an Zesummenaarbecht mat der Santé eis Aktivitéiten an aller Sécherheet fir eis all geschwënn erëm opzehuelen. Mir freeën eis, fir Iech mat deene sécherste sanitäre Mesuren en onvergiessleche Concert ze offréieren.

Serge Tonnar :

No engem Joer am Wartesall, kënnt de Serge Tonnar zréck op d'Bün. Hie war deen éischten, deen am Lockdown kënschtleresch Initiativen um Netz ugestëppelt huet, haut ass e mat un der Front fir d'Bünekonscht nees viru méi groussem Publikum z'erméiglechen. Hien huet ni Distanze kannt, a war ëmmer sou no bei de Leit, dass d'Museker dem Publikum an den Humpe geschweesst hunn. Dat geet elo (nach) net, ma vläicht fanne mer déi magesch Momenter vum Zesummesinn erëm, vläicht schätze mer elo méi wéi virdrun de Concert als e spirituelle Moment, dee liewenswichteg fir eis Kultur ass, an net e reng kommerziellen Event ouni Inhalt an ouni Konsequenz. Dem Volleksmusiker seng Lidder bleiwen eng Impfung géint geeschteg an emotional Veraarmung a maachen immun géint Intoleranz a blannt Follegen.  Hie spillt mat Museker, déi aus ganz verschidde Richtunge kommen, an déi de Kenner net onbekannt dierfte sinn. Mat hinne schafft hien och un neie Lidder, vun deenen een dat eent oder anert scho live erliewe kann.
Serge Tonnar: Gittar a Gesang
Eric Falchero: Piano
Ben Claus: Brëtellspiano
Marc Demuth: Bassgei
Dirk Kellen: Batterie

www.tonnar.lu

Videos from 


SUBSCRIBE to our newsletter





Whats On

Mai 2021
S M D M D F S
  01
02 03 04 05 06 07 08
09 10 11 12 13 14 15
16 17 18 19 20 21 22
23 24 25 26 27 28 29
30 31  

Upcoming Shows Rock/Pop